Geschicht vun der Osteopathie

Den Ursprong vun der Osteopathie ass op den Andrew Taylor Still (1828-1917) zréckzeféieren. Am Joer 1874 huet dësen amerikaneschen Dokter d’Fundamenter gesat fir dës nei Zort Medezin.

Ee vu senge Schüler vun der American School of Osteopathy, den John Martin Littlejohn, huet 1913 d’Osteopathie an Europa bruecht an huet d’British School of Osteopathy zu London gegrënnt. Vun do aus ass et da Richtung Frankräich gaang, an dono an de Rescht vun Europa.

Nom Still missten d’Osteopathen ewéi Philosophen iwwerleeën, denke wéi Architekten, handele wéi Techniker a schaffe wéi Konstrukteuren oder Ingenieuren.

D’osteopathesch Konscht besteet an der Uwendung vum Konzept vum Still zur praktescher Medezin an alle Beräicher.

Fir säin Zil ze erreechen, nämlech d’Erhalen an d’Rëmhierstellung vun der Gesondheet, brauch den Osteopath wëssenschaftlech Kenntnisser am Beräich vun der Anatomie, Physiologie, Embryologie an der Verhalenspsychologie.

Déi Kenntnisser wennt hien no de Grondprinzipie vun der Osteopathie an der Praxis un, fir mat Hëllef vu sengen Hänn d’Verhältnisser vun der Mobilitéit an d’Fluktuatioune vun den anatomesche Strukturen ze harmoniséieren.

Definitioun vun der Osteopathie

D’Osteopathie ass eng funktionell Medezin, wou den Osteopath säin Traitement ufänkt mat enger Anamnèse an unhand vun engem differenzialen diagnostesche Virgang erausfënnt, ob de Patient op der richteger Plaz ass oder net. Falls net, da muss hien de Patient bei een anere Professionnellen iwwerweisen.

Dono schafft den Osteopath fir säin Diagnostik a seng Behandlung nëmmen nach mat sengen Hänn.

Hie betaascht d’Bindegewebe vum Patient an test verschidde Beweegungsformen a versicht, eventuell Funktiounsstéierungen oder Dysfunktiounen a Relatioun ze brénge mat enger bestëmmter Symptomatik oder mat bestëmmte funktionell bedéngte Krankheetsbiller.

Fir d’Behandlung benotzt hien adaptéiert Grëffer a versicht, déi Dysfunktiounen ze behiewen.

Währenddeems bleift den Osteopath am Aklang mat den dräi osteopathesche Basisgesetzer. Dat heescht, datt hien:

- de Kierper als eng funktionell Unitéit gesäit, wou all Struktur déi aner ka beaflossen,

- am Kierper den Zesummenhang tëschent Struktur-Funktioun a Funktioun-Struktur observéiert,

- an datt duerch säin Traitement d’Selbst-reguléierungskräfte vum Kierper ugereegt ginn, déi dann de Selbstheelungsprozess kënnen aleeden.

Wéini ass eng Osteopathesch Behandlung néideg ?

D’Uwendungsberäicher vun der osteopathescher Behandlung si villsäiteg. Déi meescht Problemer sinn an enker Verbindung mam Beweegungsapparat. Hei eng Lëscht mat méigleche Beispiller:

  • akuten oder chronesche Wéi vum Skelett mat deenen dozougehéierende Muskelen a Bänner, Réckwéi, Ischiaswéi an aner Neuralgien, Tennis-Ielebou, Canal carpien (CTS), …

  • Verdauungsproblemer: verstoppt sinn, Mobrennen, Mokrämp, Daarmkrämp, ...

  • Kappwéi, Suitë vun Onfallverletzungen a Schleidertrauma, akuten Tinnitus, …

  • Chronesch Middegkeet, Konzentratiounsmangel, prämenstruell Problemer, ...

  • Bei klenge Kanner: Verformung vum Kapp, Schloflosegkeet, Ausspäitzen, Krämp, … 

Et gëtt keng absolut Géigenindikatioun fir d’Osteopathie, well de Choix vun der Technik et erméiglecht, sech u vill verschidde Situatiounen unzepassen. Esou gëtt e Patient mat Osteoporose anescht behandelt wéi e jonke Sportler vun 20 Joer.

 

Et ginn awer och sichtlech Kontraindikatiounen, déi de ganze Beräich vun der organescher Pathologie mat aschléisst, well fir déi eng Ersatzbehandlung onvermeidbar ass.

Wei fonktionéiert dat eigentlech ?

De Mënsch ass eng anatomesch Eenheet duerch säi Bindegewebe, dat all d’Zellen ëmgëtt an domat Kohäsioun garantéiert. Dëst Gewebe ass e Stütz– a Verbindungselement, dat d’Zuel vun de méigleche Verbindunge gewalteg erhéicht.

No dem osteopathesche Konzept ass eng gutt Mobilitéit vum Gewebe (Bänner, Aponevrosen, Faszien…) d’Garantie fir eng gutt Funktioun (vun de Gelenker, Organer,...).

Ënner Holismus versti mer, datt de Kierper eng Eenheet bilt, wou all Deeler vunenneen ofhängeg sinn a sech géigesäiteg beaflossen.

Dëst Ongläichgewiicht gëtt kompenséiert duerch een oder méi Deeler oder Funktioune vum Kierper (z.B.: Adaptéiere vun enger antalgescher Haltung). A senger Aarbecht versicht den Osteopath, de Patient an enger globaler Manéier opzefaassen an duerch ver-schidde Systemer d‘Gläichgewiicht erëm hierzestellen (Muskelen, Schanken, Gelenker, Träipen, cranio-sakral). Den Osteopath kann esou e Patient op enger Plaz behandelen, wou dësen net onbedéngt Symptomer uweist.

Denke mer un en Ischiasnerv, wou d’Péng sech am Been bemierkbar mécht, awer den Ausléiser ass am ënneschten Deel vum Réck oder anzwousch anescht.

L’être humain forme une entité anatomique grâce au tissu conjonctif qui entoure chacune des cellules assurant ainsi leur cohésion. Ce tissu est un élément de soutien et de liaison qui multiplie considérablement le nombre de connexions possibles.

Selon le concept ostéopathique, la mobilité des tissus corporels (ligaments, aponévroses, fascias,…) participe à une bonne fonction (articulaire, organique,…).

 

 

 

 

 

 

 

Par holisme, on entend que le corps forme une entité où toutes les parties dépendent l’une de l’autre tout en s’influençant mutuellement.

Chaque déséquilibre sera compensé par une ou plusieurs parties ou fonctions du corps (ex: adoption d’une attitude vicieuse antalgique).

 

Dans sa démarche, l’ostéopathe essaie donc d’appréhender le patient de manière globale et de rétablir un équilibre en intégrant dans son approche différents systèmes (musculo-squelettique, viscéral, crânio-sacré). L’ostéopathe peut ainsi traiter un patient à un endroit où celui-ci ne montre pas nécessairement de symptômes directs.

 

Pensons à une sciatique où les douleurs s’expriment souvent dans la jambe mais dont le déclencheur se situe dans le bas du dos et où la cause se cache encore ailleurs.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

D'Osteopathie an Europa an am Groussherzogtum Lëtzebuerg

An Europa ass den Titel Osteopath D.O.® (Dipômé en Ostéopathie) gesetzlech geschützt. Den Titel kann nëmme vun diploméierten Osteopathe gedroe gin, déi vun hire Kollegen unerkannt sinn.

Fir den Titel ze kréien, mussen d’Studenten (an deene vun der Europäescher Federatioun vun den Osteopathen FEO unerkannte Schoulen) eng Ausbildung maachen, déi si op e Beruff mat héijem Verantwortungsniveau virbereet. Duerno muss den Osteopath kapabel sinn, physiopathologesch Phenomener, déi d’Integritéit vun den Organer oder souguer d’Liewe vum Patient a Gefor bréngen, sou séier wéi méiglech z’erkennen.

Hie muss d’Grenze vu senge Behandlungsméiglechkeete kennen, fir de Patient esou schnell an effizient wéi méiglech un e kompetenten Dokter weiderzeleeden. Bei den unerkannte Coursë gëtt grousse Wäert op d’Semiologie an d’Diagnostik geluecht.

D’Ausbildung ass fäerdeg mat engem Curriculum vu 6500 Stonnen nom Ofschloss (+- Bac +5). D’Praktizéiere vun der Osteopathie kann net geleeëntlech sinn oder vu schlecht ausgebilten Therapeute virgeholl ginn, well se kënne méi Schued uriichten wéi eppes guttmaachen.

D'Vereenegung vun den Osteopathen zu Lëtzebuerg (ALDO)

D’ALDO ass Member vun der Europäescher Federatioun vun den Osteopathen (FEO), an domat och Member vum CEPLIS (Conseil Européen des Professions Libérales Intellectuelles et Scientifiques).

 D’ALDO schafft säit 1995 fir d’Unerkennung, den Opstig an d’Entwécklung vun der Osteopathie, zu Lëtzebuerg an och am Ausland. Si beméit sech fir eng Qualitéitssécherheet vun de praktizéierenden Osteopathen an och dofir, datt de Beruffskodex vun den Osteopathen agehale gëtt. Dat geschitt alles an éischter Hisiicht am Interessi vum Patient.